Eech zu Mutfert

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam

E gewaltege Stamm.
D'Eech zu Mutfert, Richtung Pläitrengerhaff gekuckt.

D'Eech zu Mutfert ass eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche), déi an der Gemeng Conter, am Ausgank vu Mutfert laanscht d'Strooss déi op de Pläitrengerhaff féiert, steet.

Dës Eech gehéiert zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Entwécklung vum Bam

Den Alter vun der Eech gëtt op ronn 300 Joer geschat[1].

Um Enn vum éischte Weltkrich gouf dës Eech zum Fräiheetsbam (Arbre de la liberté 1914-1918) ernannt, wat hiren Erhalt geséchert huet. Ëm de Bam huet d'Gemeng eng fräi Plaz mat Wues a jonke Beem ugeluecht.

1976 gouf d'Eech verstäerkt a geséchert.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U[2] d h
1980 4,80 1,53 29,00
≈2000 5,02 1,60 30,00

Quellen

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 54-55, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 20-21, Foto an Text).

Kuckt och

  • Bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff:
Eechen nieft dem Weier
Lannen am Agank vum Haff
Spierebeem am Bongert

Schabloun:Clr

Fotoalbum

Mutfert am Hannergrond.

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

  1. Administration des eaux et forêts, 1981: « environ 250 ans »
  2. op Broschthéicht gemooss