Chandrasekhar-Grenz

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Chandrasekhar-Grenz ass eng iewescht Grenz fir d'Mass vun engem Wäissen Zwerg, déi vum amerikaneschen Astrophysiker an Nobelpräisdréier Subrahmanyan Chandrasekhar opgrond vun theoreeteschen Iwwerleeungen hiergeleet gouf. Onofhängeg vum Chandrasekhar gouf déi selwecht iewescht Grenz scho fréier vum Wilhelm Anderson (1929, Tartu) an dem Edmund Stoner (1930, Leeds) berechent.

D'Chandrasekhar-Grenz läit bei 1,44 Sonnemassen. Huet ee Stär nom Läsche vun der Kärfusioun méi eng héich Mass, sou kann den Drock vum entaarte Stäregas sech net méi stabiliséieren. Jee no Mass geschitt dann e Kollaps zum Neutronestär oder Schwaarze Lach.

D'Formel fir d'Grenzmass ergëtt sech sou:

Mkrit=1.4316(2η)2M

Dobäi gëtt η=A/Z un, wéi vill Nukleonen am Duerchschnëtt op een Elektron kommen, wann een unhëlt, datt wäiss Zwergen elektresch neutral sinn. D'Stärematière ass dobäi aus Atomer mat A Nukleonen an Z Protonen opgebaut.

Beispiller

Fir wäiss Zwergen, déi haaptsächlech aus Kuelestoff-Isotopen 612C oder aus dem Sauerstoff-Isotop 816O bestinn, ass

η=12/6=16/8=2.

Doraus ergëtt sech direkt déi kritesch Mass vun 1,44 Sonnemassen. Ee Beispill fir sou ee Stär ass de Sirius B. Fir wäiss Zwerge mat engem eisene Kär aus 2656Fe ass dogéint

η=56/262,154.

Hir Grenzmass läit deemno bei 1,234 Sonnemassen. D'Chandrasekhar-Grenz ass dofir net sou ze verstoen, datt si vun all Stär erreecht ka ginn. Et hänkt vun der Aart vun der Stärematière of, wat fir eng iewescht Grenz virläit.

Neutronestären a Quarkstären

Fir Neutronestäre gëtt et eng equivalent Grenz, déi Tolman-Oppenheimer-Volkoff-Grenz genannt gëtt. Genee sou gëtt fir déi hypothetesch Quarkstären eng entspriechend Grenz ugeholl, awer d'Zoustandsequatioune vun deenen exoteschen Aarte vun der entaarter Matière si bis elo net genee bekannt.

Kuckt och

Schabloun:Kuckt och Portal:Astronomie

Um Spaweck