CORALIE-Spektrograph

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Iwwerschaffen

De CORALIE-Spektrograph ass en Echelle Spektrograph am Beräich vun der Astronomie. Dat naturwëssenschaftlecht Instrument gëtt zesumme mat engem Teleskop benotzt, fir Spektre vu Stären auszemoossen a fir mam Doppler-Effekt extrasolar Planéite mat der radialer Vitessmethod z'entdecken.

Et gouf am Kader vum Southern Sky extrasolar Planet search Programme um Leonhard-Euler-Teleskop am La-Silla-Observatoire am Chile installéiert.

Den ELODIE-Spektrograph war de Pendant vum Northern Extrasolar Planet Search Programm.

Eegenschaften

Dat spektraalt Opléisungsverméigen vun CORALIE zielt R=λΔλ=50000 mat enger Zesummefaassung vu jee 3 Pixelen. Den CCD-Detekter huet dobäi 2.000 × 2000 Pixel bei enger Pixelgréisst vu 15 µm.

Entdecke vu Planéite mam CORALIE

Fënnef Planéite goufe bis elo duerch CORALIE entdeckt, verifizéiert mat aneren Observatiounsprogrammer.

Planéit Datum vun der Publikatioun
Gliese 86 b 24. November 1998
HD 75289 b 1999
HD 130322 b 1999
HD 192263 b 1999
GJ 3021 b 2000

Kuckt och

Schabloun:Kuckt och Portal:Astronomie

Um Spaweck

Schabloun:Navigatioun Europäesche Südobservatoire Schabloun:Referenzen