Bluttbuch zu Miersch

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam Schabloun:Kaartpositioun D'Bluttbuch zu Miersch ass eng Bluttbuch (Fagus sylvatica f. purpurea, Schabloun:De Blutbuche, Schabloun:Fr Hêtre pourpre) déi zu Miersch an der Gemeng mam selwechten Numm steet an déi zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

D'Bluttbuch ass eng Form (Varietéit) vun der Routbuch (Fagus sylvatica), déi duerch eng Mutatioun entstanen ass.

Lokalisatioun

De Bam steet am Park vum Nationale Literaturzentrum, dem fréiere Servais-Haus. Den Accès fir an de Park ass iwwer d'Rue de la Gare oder d'Rue Emmanuel-Servais.

Geschicht

De geneeën Alter vun dëser Bluttbuch ass net bekannt, se ass méi wéi 200 Joer al a gouf warscheinlech geplanzt, wéi d'Servais-Haus tëscht 1780 a 1788 gebaut ginn ass.

De Bam huet e kuerzen a breede Stamm mat engem Duerchmiesser vu méi wéi zwéi Meter a steet isoléiert um Bord vun der Wiss hanner der Villa. Seng Kroun ass breet a bal perfekt symmetresch.

Entwécklung

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U[1] d h
2000 3,55 1,13 22,00
2023 4,08 1,30 17,40

Biller

Literatur

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 176-177, Foto an Text)
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat

Schabloun:Referenzen an Notten

  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur
  1. op Broschthéicht gemooss