Bluttbuch zu Boufer

Vu testwiki
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Bam

D'Bluttbuch am Park zu Boufer. Lénks d'Altersheem (CIPA). (Mäerz 2008).

D'Bluttbuch vu Boufer war eng bemierkenwäert Bluttbuch (Fagus sylvaticus L. cv. purpurea), déi virum Altersheem am Park zu Boufer stoung.

Si ass 2022 ewechgeholl ginn.

Si huet, wéi se nach stoung, als déi schéinst Bluttbuch zu Lëtzebuerg gegollt an ass duerch hir gewalteg a gutt proportionéiert Kroun opgefall. Schonn op enger Héicht vun 2 m hu sech d'Äscht a voller Breet ausgestreckt. Op enger Héicht vu ronn 1 m ass e 'Rëss' ronderëm de Stamm gelaf, warscheinlech den Usaz wou d'Kroun opgeprafft gouf (Modert 1962).

D'Buch stoung an enger klenger Sank déi fir si beim Bau vum Altersheem amenagéiert gouf.

D'Bluttbuch zu Boufer stoung um Inventaire supplémentaire des monuments nationaux (arrêté ministériel vum 29. Mäerz 1974).

De Bam huet sech follgendermoossen entwéckelt:

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer U d h
1958 5,00[1] 1,59
1980 5,60[2] 1,78 25,00
2000 30,00

2022 gouf d'Bluttbuch gefällt. Si ass och net méi op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter ze fannen.[3]

Am Boufer Park sti follgend aner al bemierkenswäert Beem:

Quellen

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 80-81, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 52-53, Foto an Text).
  • Paul Modert, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Éditeur a vun der Dréckerei. (Cf. S. 19, Foto S. 20).

Kuckt och

Um Spaweck

Schabloun:Clr

Fotoalbum

Detail vum Opbau
Fichier:BouferdengBluttbuch01.jpg
Foto aus Modert 1962

Um Spaweck

Schabloun:CommonscatSchabloun:Referenzen

  1. op 1,05 m Héicht
  2. op 1,30 m Héicht
  3. Schabloun:INPA-JL