Barrel
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
E Barrel (/ˈbɛʁəl/; Englesch: ['bæɹəɫ], Faass) ass eng Moosseenheet fir de Volumen a gëtt mat oder ofgekierzt. Et ass déi allgemeng Eenheet vum Réiueleg a beschreift en historescht Faass vu ronn 159 Liter.
Et gëtt en Ënnerscheed tëscht dem allgemeng gebräichlechen US-amerikaneschen an dem imperialen (d. h. britteschen) Barrel, déi allebéid fir Uelegprodukter a Béier gebraucht ginn.
Eenheeten an Ëmrechnung
D'Eenheetesymboler fir de Barrel sinn: , (US-amerikanesche Volumen) oder , (imperiale Volumen). D'Ofkierzung bbl. steet fir bloe Barrel, e blo markéiert Faass mat genormten Inhalt.
Am internationale Gebrauch gëtt den US-amerikanesche Barrel mat 158,987 Liter gebraucht, iwwerdeems den imperiale Barrel net benotzt gëtt.
| Äerdueleg | Béier, Wäin an aner Flëssegkeeten | ||
|---|---|---|---|
| 1 | 158,987294928 | 1 | 119,2405 |
| 1 | 159,113159869818 | 1 | 163,6593 |
| ≈ 1,00079 | |||