Radius

Vu testwiki
Versioun vum 10:30, 27. Sep. 2017 vum imported>Melouresbot (top: clean up, replaced: <center> → <div align="center">, </center> → </div> using AWB).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Als Radius (vum lat. radius; „Stral“) (däitsch: Halbmesser) bezeechent een an der Geometrie den Ofstand tëscht dem Zentrum M vun engem Krees an der Kreeslinn (de Punkten um Krees). Analog dozou heescht och bei der Kugel den Ofstand tëscht Zentrum a Kugelfläch sou. Verallgemengert huet jiddwer geometreschen Objet mat engem kreesfërmege Querschnëtt oder enger kreesfërmeger Grondfläch e Radius, also och en Zylinder oder eng Keel.

M = Mittelpunkt r = Radius d = Durchmesser

De Radius r entsprécht dem hallwen Duerchmiesser d.

Zum Kreesëmfank U verhält sech de Radius sou:

r=U2π

Um Spaweck