Bréck op der Dörnauelsmillen

Vu testwiki
Versioun vum 11:57, 1. Mee 2023 vum imported>Melouresbot (Ofstänn, replaced: =[[ → = [[ using AWB).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:Infobox Grenzbréck D'Bréck op der Dörnauelsmillen oder och nach op der Dräsmillen ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our.

Dës metalle Bréck ass am Joer 2010 gebaut ginn[1] nodeem de Virgänger, eng baufälleg Jachbréck, e puer Joer gespaart war. Si kann zu Fouss oder mam Vëlo benotzt ginn. Si läit tëscht den Uertschafte Rouderssen zu Lëtzebuerg a Preischeid am Äifelkrees Béibreg-Prüm an Däitschland.

Op der mëttelster Stäip gouf eng Statu vum Bommenzinnes – dem Patréiner vun de Brécken – opgeriicht, grad sou wéi zu Veianen.

Déi al Jachbréck (1972-2010)

Déi al Bréck war eng sougenannt Jachbréck am Fachwierkbau. Et war eng reng Foussgängerbréck a gouf 1972 am Optrag vun der Vereinigung Deutsch-Luxemburgischer Naturpark gebaut. D'Bréck war aus Holz an d'Feldwäite waren 2 × 14,65 Meter. Den Iwwergank war jorelaang gespaart well d'Bréck baufälleg war.

D'Nopeschbrécke sinn d'Bréck vun Doosber (flossop) an d'Bréck vun Eesbech (flossof). Bis am Zweete Weltkrich war d'Bréck op der Frankemillen déi éischt Nopeschbréck no uewen.

Illustratiounen

Kuckt och

Literatur

  • Weber, Heinrich Theodor, 1997. - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0

Um Spaweck

Schabloun:Commonscat Schabloun:Navigatioun Grenzbrécken Schabloun:Referenzen an Notten

  1. Déi offiziell Aweiung war den 23. November 2010. Cf. Luxemburger Wort vum 19. Juli 2011, S. 23: "Fortwährendes Zusammenwachsen". Erneuerte Rad-und Wanderbrücke über die Our im Dreiländereck eingeweiht.