Käschtebam bei Branebuerg
Schabloun:Infobox Bam Schabloun:Kaartpositioun De Käschtebam bei Branebuerg ass e Wëlle Käschtebam (Aesculus hippocastanum, Schabloun:Frmarronnier commun, Schabloun:DeGewöhnliche Rosskastanie) dee bei Branebuerg an der Gemeng Tandel steet an zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.
Lokalisatioun
De Bam steet am Flouer Heedebierg / Weschterbaach, ëstlech vu Branebuerg an der Sektioun Baastenduerf vun der Gemeng Tandel. Et gesäit een de Bam wann ee vu Baastenduerf aus iwwer den CR352 a Richtung Groestee fiert, ronn 2,5 km nom Enn vum Duerf, lénkssäiteg vun der Strooss.
Geschicht
De Käschtebam deen isoléiert an der Landschaft steet huet weeder en aussergewéinlechen Alter, Ëmfang oder Héicht, nach eng speziell Form oder eng extra Kroun. Et ass e klassesche Wëlle Käschtebam deen eleng an als Unhaltspunkt an der Landschaft steet.
Ëm 2023 konnt gesi ginn, datt e Bam net méi an engem ganz gudden Zoustand ass, well en décken Aascht ofgebrach ass an doduerch Waasser an de Bam andréngt.
Et ass net genee gewosst wéi al de Bam ass, e gouf awer warscheinlech um Enn vum 19. Joerhonnert geplanzt, wéi d'Weekräiz ënnert dem Bam opgeriicht gouf.
Am Rampli nieft dem Bam goufen am Zweete Weltkrich Läiche vun däitschen Zaldote provisoresch do begruewen, ier se dunn nom Krich definitiv op enger anerer Plaz bäigesat goufen.
Nieft dem Bam erënnert och nach e Gedenksteen un de Weckerings Mett, deen de 17. Mäerz 1945 op der Strooss duerch Tellerminnen ëmkoum.
Entwécklung
| Joer | |||
|---|---|---|---|
| 2000 | 3,33 | 1,06 | 15,0 |
| 2023 | 3,74 | 1,19 | 15,5 |
Biller
- D'Käschtebam bei Branebuerg am Laf vum Joer
-
Fréijoer ()
-
Summer ()
-
Hierscht ()
-
Wanter (2024)
Literatur
- Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 38-39, Foto an Text)
- Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 142-143, Foto an Text)
- Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.
Um Spaweck
Schabloun:Referenzen an Notten
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur


