Suite (Mathematik)

Vu testwiki
Versioun vum 09:35, 10. Mäe. 2014 vum imported>RobbyBot (Definitioun: clean up, replaced: → , → using AWB).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Schabloun:SkizzMathe Eng Suite ass an der Mathematik eng Lëscht (Famill) vun endlech oder onendlech villen duerchnumeréierten Objeten (beispillsweis Zuelen). Den Objet mat der Nummer resp. dem Index i gëtt als i-t Element vun der Suite bezeechent. Wann d'Unzuel vun den Elementer vun enger endlecher Suite n ass, schwätzt ee vun enger Suite vun der Längt n, vun enger n-elementeger Suite oder vun engem n-Tupel.

Definitioun

Eng onendlech Suite (ai)i ass eng Funktioun

a:Xiai,

déi jiddwer Index i aus dem Indexensembel vun den natierlechen Zuelen op een Element ai aus dem Zielensembel X schéckt.

Fir eng endlech Suite (Tupel) mat n Elementer definéiert een, datt den Index net aus kënnt, mä aus engem endlechen Ensembel I, meeschtens aus {0,,n1} oder {1,,n}, an et schreift een d'Suite als (ai)iI.